Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nova Scotia, Neufundland a Labrador: Wierbelstuerm suergt fir schwéier Schied un der kanadescher Ostküst

De Stuerm "Fiona" war e Freideg als Hurrikan vun der zweetstäerkster Kategorie un de Bermuda-Inselen laanschtgezunn.

Op de Bermuda-Inselen an zu Puerto Rico hat d'"Fiona" scho vill Zerstéierung mat sech bruecht. Mëttlerweil ass den Hurrikan, deen an de leschten Deeg iwwer d'Mier a Richtung Norde weidergezunn ass, just nach e Wierbelstuerm.

D'Schied an de kanadesche Küstegebitter vun Nova Scotia an Neufundland a Labrador sinn trotzdeem schwéier. Haiser goufen an d'Mier geschwemmt an Honnertdausende Leit sinn ouni Stroum. De kanadesche Premier Justin Trudeau huet de Betraffenen e Samschdeg séier Aidë versprach.

Zwee Doudeger bei engem Taifun a Japan

Bei engem Taifun a Japan sinn iwwerdeems op d'mannst zwee Leit ëm d'Liewe komm. Betraff ass den Oste vun der Insel Hanshu.

Den Taifun war do u Land gaangen an huet zolitte Reen mat sech bruecht. Eng Persoun ass an hirem Auto gestuerwen, well d'Gefier vun de Waassermasse matgerappt gouf. Dat anert Affer koum ëm, wéi säin Haus vun engem Äerdrutsch zerstéiert gouf.