Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Null-Covid-Politik: Ëmmer méi Leit ginn a China op d'Strooss

A China ginn ëmmer méi Protester géint déi a Part streng Null-Covid-Mesurë gemellt.

E Sonndeg de Moien si Leit am Zentrum vun der Milliounemetropol Shanghai op d'Strooss gaangen, fir hirer Roserei iwwert déi drakonesch Lockdown-Mesuren zum Ausdrock ze bréngen. Trotz der méi ustiechender Omikron-Variant, déi och a China antëscht dominéiert, hält Peking weider un drastesche Confinementsmesurë vu ganze Staddeeler fest. Demonstratiounen am kommunisteschgefouerte China si seelen. Verschidden Demonstranten hu geruff "Xi Jinping, Demissioun". Onroue gouf et och an der Stad Urumqi. Do waren 10 Leit an engem Feier gestuerwen. D'Awunner kritiséieren d'Pompjeeë wieren duerch de Lockdown opgehale ginn, fir dohinner ze kommen.