Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ofschoss vun MH-17: Putin soll involvéiert gewiescht sinn

D'Ermëttler ginn dervun aus, datt de russesche President virun 9 Joer eng aktiv Roll beim Ofschoss vum Passagéierfliger gespillt huet.

Virun 9 Joer gouf iwwer der Ostukrain e Passagéierfliger erof geschoss. De russesche President Wladimir Putin soll dobäi eng aktiv Roll gespillt hunn. Dat huet d'international Ermëttler-Equipp op enger Pressekonferenz am hollänneschen Den Haag matgedeelt. Dat géing aus Telefons-Gespréicher ervirgoen, heescht et vun den Investigateuren. D'Maschinn vun der Malaysia Airlines, déi vun Amsterdam op Kuala Lumpur sollt fléien, war am Juli 2014 iwwert der Ostukrain vun engem Missile getraff ginn. 298 Leit si gestuerwen. Ënnert den Affer war och eng Famill vu Réiser. Am Hierscht zejoert waren 3 pro-russesch Separatiste vun engem hollännesche Geriicht schëlleg gesprach ginn. D'Leit sollen sech a Russland ophalen an et ass net mat hirer Ausliwwerung ze rechnen.