Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ofstëmmung e Sonndeg: Schwäiz stëmmt iwwer Pensiounsreform a Verbuet vun der Massendéierenhaltung of

E Sonndeg kënnen d'Schwäizer zu direkt dräi Froen hir Meenung ofginn.

An der Ofstëmmung geet et ëm e Verbuet vun der Massendéierenhaltung, eng Rentereform an eng méi héich Méiwäertsteier.

An der Motioun fir d'Massendéierenhaltung an der Schwäiz ze verbidden, soll och d'Würd vum Déier an der Landwirtschaft an der Schwäizer Verfassung festgehale ginn. Wéi et ënnert anerem aus enger Ëmfro vum Meenungsfuerschungsinstitut "gfs bern" ervir geet, kéint allerdéngs eng knapp Majoritéit géint de Verbuet vun der Massendéierenhaltung stëmmen.

Anescht gesäit et allerdéngs bei de Froen zu der Pensiounsreform aus. Dës schéngen den Ëmfroen no eng méi breet Ënnerstëtzung ze hunn, Frae sollen deemno eréischt vu 65 Joer u Schrëtt fir Schrëtt an d'Pensioun goen, an och allgemeng solle Schwäizer tëscht 63 a 70 Joer scho méi dacks schrëttweis an d'Deelpensioun goe kënnen.

Fir d'Pensiounen ze sécheren, soll iwwerdeems d'Méiwäertsteier vu 7,7 op 8,1 Prozent erop gesat ginn. Bei de Liewensmëttel soll et eng Hausse vun 2,5 op 2,6 Prozent sinn.