Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher: Leit um Terrain maache sech Suergen iwwer "Empathielosegkeet bei Jonken"

De Charel Schmit reagéiert op d'Zeenen, déi rezent an der Stad gefilmt goufen an dorobber, datt dëst Biller an de Mobbing de Wee an den Internet fannen.

OKAJU iwwer Gewalt bei Jugendlechen / Reportage Michèle Sinner

Nodeems en Donneschdeg e Video vun engem Meedchen, dat vun engem anere geschloen an humiliéiert gëtt, op de soziale Medien zirkuléiert, ënnersträicht den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit, datt d’Affer musse richteg opgefaange ginn an direkt souwuel psychosozial, wéi juristesch betreit ginn.

Datt sech esou Fäll heefen, wier onméiglech ze soen, well "mer iwwer déi lescht Joerzéngten et net fäerdeg bruecht hunn, genau de Phenomen vun der Jugendkriminalitéit a sou Phenomener ausräichend statistesch an och kriminologesch auszewäerten."

Et kéint een deemno net vun Eenzelfäll aus extrapoléieren, mä d'Leit um Terrain, seet de Charel Schmit, maache sech Suergen. "Iwwert Empathielosegkeet bei jonke Mënschen op där enger Säit a Forme vu Gewalt an hirem Alldag erliewen, déi ënnerschiddlechst Forme vu Gewalt."

Dat wier engersäits Gewalt am eegenen Heem. "An natierlech och strukturell Gewalt, doduerch datt d’Bildungschance net gi sinn, doduerch datt vläicht och eng ganz Partie Zukunftschance verbaut sinn. Dat si Froen, deene sech eng Gesellschaft och muss stellen. Et ass en immensen Drock haut op de Kanner a Jugendlechen."

Den aktuelle Fall géif eng extrem Gewalt weisen, esou den Ombudsmann. "An dann ass déi Form, doduerch, datt et verbreet ginn ass iwwer déi onsozial Medien, muss ee scho soen, natierlech nach eng zousätzlech Traumatiséierung."

Dofir bedauert hien, datt "politesch bis ewell vill ze wéineg ënnerholl ginn ass, fir grad déi Gewalt, déi sech iwwert sozial Medien weiderverbreet, fir déi aktiv ze bekämpfen an et net de Kanner an hiren Elteren ze iwwerloossen. Mä do mussen déi grouss Plattforme vill méi an d’Flicht geholl ginn."

Affer a Famillje solle sech un d’Police an de Jugendschutz wenden, seet hien. Ween esou Biller geschéckt kritt, soll se bei BeeSecure mellen.