
© Commodity trading, conceptual illustration (Photo by RICHARD JONES/SCIENCE PHOTO LIBR / RJX / Science Photo Library via AFP)
D'Pëtrols-Allianz OPEC diskutéiert e Sonndeg an enger Online-Konferenz iwwer weider Strategien.
De Verband aus 23 Staaten, ënnert der Féierung vu Saudi Arabien a Russland haten zulescht d'Produktioun iwwerraschend ëm zwou Millioune Barrel pro Dag gekierzt.
Domadder wollten d'Member-Länner d'Pëtrols-Präisser, déi am Gaange waren ze falen, stabiliséieren. Wat awer net geklappt huet.
Dobäi kënnt dass e Méindeg de Präisdeckel, deen d'EU a d'G7-Staaten decidéiert hunn, a Kraaft trëtt. Och dat wäert en Thema op der Online-Konferenz vun der OPEC sinn.