Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Onstëmmegkeete beim Filmfong: Breeden Zousproch an der Chamber fir eng Adaptatioun vum Gesetz

Zwou an eng hallef Stonnen war e Méindeg eng Delegatioun vum Filmfong an der Budgetskontrollkommissioun an der Chamber.

Mat derbäi waren och den Direkter Guy Daleiden an d'Presidentin vum Verwaltungsrot vum Filmfong, d'Michèle Bram.

D'Cour des Comptes hat rezent an hirem Spezialrapport jo confirméiert, dass et Onstëmmegkeeten beim Fonctionnement vun deem Etablissement public ginn. An och no der Entrevue vun e Méindeg, an der déi Responsabel vum Filmfong Ried an Äntwert stoungen, sinn d'Deputéiert der Meenung, dass d'Gesetz vun 2014 iwwer de Fonctionnement vum Filmfong muss adaptéiert ginn. Notamment geet et virop drëms, de Pouvoir vum Direkter ze beschränken.

De Guy Daleiden sot no der Entrevue, hie wär och fir eng Adaptatioun vum Gesetz.

Och den zoustännege Medieminister Xavier Bettel wëll d'Gesetz erneieren, wéi hien dem CSV-Deputéierten Felix Eischen op eng parlamentaresch Fro geäntwert hat. D'Aarbechten um neien Text wäre schonn am Gaangen, hat et dora geheescht. Detailer iwwer de Contenu sinn net bekannt.

Dofir wäert de Medieminister an d'Budgetskontrollkommissioun geruff ginn, huet d'Presidentin Diane Adehm vun der CSV annoncéiert. Dee Rendez-vous wäert allerdéngs eréischt am Januar sinn.