Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op Besuch um Schéissstand: "Schéissen ass eng Passioun, dat bréngt een erof"

Op Besuch um Schéissstand

Waffen a besonnesch Schosswaffe sinn dacks schlecht ugesinn. An awer waren 2022 zu Lëtzebuerg bal 88.000 Waffen registréiert. Wat mécht de Reiz aus?

Dat erzielen eis d'Nancy Jans, Vizepresidentin vum Schéissstand an de Jan Kirchhoff, zënter zwee Joer Member zu Brouch. Fir allebéid ass d'Schéissen en Hobby an eng Passioun. Dobäi wier schéisse guer net esou, wéi dat dobaussen ëmmer schéngt. Et géif een dobäi erofkommen an entspanen, well ee sech einfach honnertprozenteg konzentréiere muss.

Fir si bréngt d'Memberschaft am Club nach vill méi mat, wéi just reegelméisseg mat de Schosswaffen op en Zil ze schéissen. "Et ass immens sozial. Et trëfft een déi ënnerschiddlechste Mënschen, déi een enzwousch anescht net begéine géif. Da gëtt zesummen trainéiert, sech mol opgestëppelt, wann ee besser ofgeschnidden huet wéi deen aneren an duerno zesummen e Patt gedronk. Et entsti Frëndschafte fir d'Liewen", sou d'Nancy Jans.

Ganz wichteg ass de Sécherheetsaspekt am Schéissclub zu Bruch. Egal wéi laang ee scho schéisst a wou ee schonn iwwerall Member war. All neie Member muss duerch e Sécherheetstraining. An dës Formatioun huet de Louis Mariutto mat mir gemaach. A souvill sief gesot: Ech war weder virdrun op engem Schéissstand, nach hat ech jee a mengem Liewen eng Waff an der Hand.

De Louis Mariutto erkläert eis déi gëlle Reegelen um Schéissstand.

D'Céline Spithoven war zu Brouch um Schéissstand op Besuch a krut déi Formatioun, duerch déi all neie Member doduerch muss.

Natierlech si Waffe keng Spillsaachen an net mat engem Fussball ze vergläichen. Wichteg ass de Memberen, dass een ni de Respekt virun der Waff verléiert a sech ëmmer bewosst bleift, wat een do an der Hand hält. Onseriö Leit géif een zu Brouch um Schéissstand net toleréieren an och de Patt muss waarden, bis en es genuch vum Schéissen huet. "Natierlech ginn et iwwerall schwaarz Schof, mee mir wiere frou wann eise Sport och also Sport an der Gesellschaft ugesi gëtt an een net ëmmer déi selwecht Remarke kritt", sou d'Nancy Jans.