Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op d'mannst 41 Doudesaffer: Demonstratiounen am Iran weise keng Unzeechen, méi schwaach ze ginn

Bei de Protester am Iran si bis ewell op mannst 41 Leit ëm d'Liewe komm. Dat ass wéinstens emol d'Zuel, déi an de Staatsmedie genannt gëtt.

D'Mënscherechtsorganisatioun Iran Human Rights (IHR) zu Oslo geet vu 54 Doudesaffer aus. An de soziale Medie gi Videoe gedeelt, déi d'Protester zu Teheran an an aneren Deeler vum Land weise sollen. Fraen dinn hir Kappdicher aus, geheie se an d'Feier, a schneiden deels aus Protest hir Hoer kuerz.

D'Authentizitéit vun de Videoe ka fir den Ament net iwwerpréift ginn. Wéi et heescht géifen d'Sécherheetsleit zu Teheran an de leschten Deeg ëmmer méi gewaltbereet ginn, an och d'Demonstrante géife méi aggressiv virgoen. Der iranescher Police no sinn iwwer 100 Leit festgeholl ginn, déi e Samschdeg op en neits iwwerall am Land Leit op d'Strooss gaange sinn.

Ausgeléist goufen d'Protester vum Doud vun enger jonker Fra, déi an der iranescher Haaptstad Teheran vun der Police festgeholl gouf, well si hiert Kappduch anscheinend net richteg ugehat hätt. D'Regierung wéist d'Virwërf zeréck. D'Fra wier zwar vun der Police geschloen, mee net ëmbruecht ginn.