Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op der Clairefontaine-Plaz: Manifestatioun géint russesch Annexioun vun ukrainesche Gebidder

De Reen hat de Manifestanten e Stréch duerch d'Rechnung gemaach an awer ware nach eng Partie Leit op der Clairfontaine-Plaz an der Stad zesummekomm.

Et goung drëm fir géint déi rezent russesch Annexioun vun den ukrainesche Gebidder ze demonstréieren. Concernéiert sinn d'Regioune Cherson, Luhansk , Saporitschschja an Donezk. Ma, dat géif dem russesche President awer net duer goen.

"Et geet hei net ëm d'Annexioun. Wann de Putin d'Krim gewollt hätt, dann hätt hien do opgehalen. De Putin war a senger Ried ganz kloer, do goung et jo och guer net ëm d'Ukrain. Et war eng Ried fir d'USA an un de Westen an hie sot, dass hien eng Muecht wéi am 2. Weltkrich wëllt, dat heescht hie wëllt Territoire bis Berlin."