Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op der Pompel: 95er, 98er an Diesel ginn nees méi bëlleg - bis zu 8 Cent

Mobilitéit - Op der Pompel
RTL

Vun e Freideg u gëllen nei Präisser op der Pompel, dat erëm mat enger Baisse op quasi alle Produiten. Eréischt e Mëttwoch waren d'Präisser erofgaangen.

Fir de 95er Bensinn ass et eng Baisse vu 5,5 Cent op 1,450 Euro de Liter. Den 98er geet ëm 5,1 Cent op 1,668 Euro de Liter erof.

Beim Diesel fält de Präis ëm 7,9 Cent op dann nach 1,549 Euro de Liter.

Beim Masutt 50ppm ass et eng Baisse vun 8,3 Cent op dann 0,982 Euro de Liter a beim 10ppm geet de Präis ëm dat selwecht op 0,980 Euro erof.

RTL

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck