Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op der Pompel: Diesel a Bensinn ginn e gudde Krack méi deier

RTL

© AFP

En Donneschdeg ëm Hallefnuecht geet de Präis vum 98er Bensinn ëm iwwer 4 Cent de Liter erop. Beim Diesel ass et eng Hausse vu méi wéi 5 Cent.

Den 98er Bensinn (E5) kascht vun en Donneschdeg u 4,7 Cent de Liter méi a geet op 1,945 Euro de Liter an d'Luucht.

Méi deier gëtt och den Diesel. Hei ass et eng Präishausse vu 5,3 Cent de Liter op 1,893 Euro de Liter.

Ëm jeeweils 4,9 Cent geet och de Präis vum Liter Masutt erop. De schwiefelfräien (10 ppm) kascht deemno 1,307 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50 ppm) 1,308 Euro de Liter.

De Präis vum 95er Bensinn bleift onverännert.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck