Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op der Pompel: Diesel gëtt vun e Mëttwoch un eng Grëtz méi bëlleg

RTL

© AFP Archiv

Ëm Hallefnuecht gëtt et eng liicht Baisse um Präis vum Diesel. Och de Masutt gëtt méi bëlleg.

Et ass eng Baisse vun 3,2 Cent, woumat de Liter Diesel vun e Mëttwoch un 1,62 Euro kascht. De 95er bleift bei 1,580 Euro de Liter, den 98er Bensinn bei genee 1,80 Euro.

Um Masutt ass et vun e Mëttwoch un eng Baisse vun 3,7 Cent um 10ppm, deen da just nach 1,05 Euro kascht. De 50 ppm Masutt gëtt ëm 3,8 Cent méi bëlleg a kascht dann nach 1,03 Euro.

RTL

© RTL-Grafik

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck