Vun e Freideg u gëllen nei Präisser op der Pompel. De 95er, 98er an Diesel gi mol nees zur Ofwiesslung all méi deier, grad ewéi och de Masutt.
Fir de 95er Bensinn ass et eng Hausse vun 3,8 Cent op 1,537 Euro de Liter. Den 98er geet ëm 4 Cent op 1,758 Euro de Liter erop.
Beim Diesel klëmmt de Präis ëm 4,8 Cent op dann 1,671 Euro de Liter.
Beim Masutt 50ppm ass et eng Hausse vun 4,6 Cent op dann 1,109 Euro de Liter a beim 10ppm geet de Präis op 1,107 Euro (+4,6 Cent).
D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck