Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op eise Stroossen: 8 Blesséierter bei Accidenter

RTL

E Samschdeg den Owend an e Sonndeg de Moie war de CGDIS 5 Mol bei Accidenter op eise Stroossen am Asaz, 8 Leit goufen am Ganze blesséiert.

Géint 17.45 Auer gouf eng Persoun um Hareler Potto ugestouss. D'Ambulanz vu Wolz an d'Pompjeeën aus der Stauséigemeng waren op der Plaz.

Kuerz virun 20 Auer goufen 3 Persoune blesséiert, wéi zu Mëtscheed 2 Autoen aneneegerannt sinn. D'Ambulanze vu Wolz an aus der Nordstad an d'Pompjeeë vum Asazzenter Alebësch waren am Asaz.

Géint 22.50 Auer war en Auto zu Péiteng an eng Fassad gerannt. Hei goufen et 2 Blesséierter. D'Ambulanzen aus den Asazzentere Käerjeng-Péiteng a Beetebuerg an d'Pomjeeë vu Käerjeng-Péiteng waren op der Plaz.