Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op eise Stroossen: De CGDIS mellt 2 Accidenter um Mëttwochowend, 4 um Donneschdeg de Moien

Nieft de sëllegen Accidenter queesch duerch d'Land hat en Donneschdeg géint 9.20 Auer nach eng Schminni zu Reisduerf gebrannt.

Kuerz virun 18 Auer krute sech tëscht Beetebuerg an Diddeleng en Auto an e Moto ze paken. Hie gouf eng Persoun verwonnt. Kuerz drop huet et zu Haassel an engem Haus an der Rue de Weiler-la-Tour gebrannt. Hei ass kengem eppes geschitt a géint 19.40 Auer war et nach en Accident tëscht 2 Ween am Rond-point Glück. Hei sinn 2 Blesséierter ze bekloen.

Och en Donneschdeg de Moien huet et gerabbelt, wéi de CGDIS weider mellt. Géint 6.45 Auer sinn en Auto an e Moto op der Diddelenger A3 a Richtung Stad net laanschtenee komm. Kuerz virun 8 Auer gouf eng Persoun zu Nidderkuer an der Rue des Ecoles ugestouss a verwonnt. eppes géint 9 Auer ass en Auto zu Eech an e Potto mat Schëlder gerannt, woubäi 2 Persoune blesséiert goufen. Op der Escher A4 a Richtung Stad krute sech nach en Auto an e Camion ze paken. Hei gouf et ee Blesséierten an zu Reisduerf huet géint 9.20 Auer nach eng Schminni gebrannt, et blouf beim Materialschued.