Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op eise Stroossen: Kollisioun zu Rodange, Auto géint Bam bei Maartel a géint Leitplank op der A6

RTL

© CGDIS Archivbild

Wéi de CGDIS mellt, koum et e Freideg am Nomëtteg, respektiv an der Nuecht op e Samschdeg zu zwee Accidenter mat Blesséierten.

Zu Rodange krute sech kuerz no 17 Auer e Freideg zwee Gefierer an der Lëtzebuerger Strooss ze paken. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Kuerz no Hallefnuecht ass e Chauffer um RN23 tëscht dem Kimm a Rombech-Maartel  mat sengem Auto an e Bam gaangen. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Kuerz viurn 7.30 Auer koum et dann nach zu engem Accident op der Areler A6 op der Héicht vun der Aire de Capellen. Do ass e Chauffer mat sengem Gefier an d'Leitplank. Kengem ass hei eppes geschitt.

Detailer ginn et nach keng.