Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op eise Stroossen: Mamm a Kand op Zebrasträifen zu Heeschdref ugestouss

Eng weider Persoun gouf bei engem Accident, wou Alkohol am Spill war blesséiert. Am Total goufen dräi Permisen agezunn.

En Donneschdeg géint 17 Auer koum et op de Kräizung Rue de Mullendorf an Rue de Luxembourg zu Heeschdref zu engem uergen Accident. Beim Ofbéien hat de Chauffer vun enger Camionnette béid Foussgänger, e Mamm an hire Bouf, déi um Zebrasträifen waren, iwwersinn an se ze pake kritt. Béid Foussgänger si gefall a goufe blesséiert. Si goufen op der Plaz behandelt a koumen an d'Spidol. De Virgang vum Accident gouf vun der Police opgeholl.

An der Stad an Direktioun Beggen hat e Chauffer d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer an e Won ze pake kritt, deen nieft der Strooss ofgestallt war. Dobäi gouf awer och de Chauffer vum zweeten Auto, dee grad nieft sengem Won stoung, getraff. De Mann gouf u sengem Been blesséiert a koum an d'Spidol. Eng weider Persoun, déi um Trottoire ënnerwee war zum Moment vun Accident, gouf net blesséiert. Nom Accident gouf den Alkoholpeegel vum éischten Automobilist kontrolléiert, deen däitlech ze héich war. De Permis gouf ofgeholl.

Zwee weider Permise goufen dann och agezunn, datt géint 20.30 Auer um Parking Däichwisen zu Ettelbréck. De Chauffer vun enger Camionnette hat säi Won hei ofgestallt, ma d'Handbrems net gezunn, esou datt d'Camionnette weider gerullt ass an an der Uelzecht zum Stoe koum. Den Alkoholtest, deen dono gemaach gouf, war positiv. An der Rout du Vin zu Réimech war géint 4 Auer e Chauffer opgefall, dee komesch Manövere gemaach huet. Och hei war Alkohol am Spill an de Permis fort.