Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ost-Jerusalem: Op d'mannst 7 Doudeger bei Attack op eng Synagog

An enger israeelescher Siidlung an Ost-Jerusalem sinn op d'mannst siwe Mënschen duerch Schëss ëm d'Liewe komm. Et goufen och Blesséierter.

An enger vun den déidlechsten Attacken zanter Jore géint Israeelien huet e Palestinenser e Freideg den Owend am Oste vu Jerusalem op d'mannst 7 Mënschen an enger Synagog ëmbruecht. Déi Gleeweg hate sech fir d'Schabbat-Gebiet versammelt. Dräi weider Mënsche goufe blesséiert. Den Täter selwer ass méi spéit vun de Forces de l'ordre erschoss ginn.

D'Situatioun am Noen Osten hat sech no enger Razzia vun der israeelescher Arméi mat 9 Doudegen am Westjordanland dës Woch zougespëtzt. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an de rietsextreme Minister fir national Sécherheet Itamar Ben-Gvir sinn nach e Freideg Owend op d'Plaz gaangen.

An de Palestinensergebidder gouf d'Attack deels gefeiert. Iwwerdeems se international schaarf verurteelt gouf.

Den däitschen Ambassadeur an Israel schreift vun engem "béisaartegen Terrorakt géint Judden um Holocaust-Gedenkdag". D'USA schwätzen vun engem "absolut schrecklechen" Tëschefall  an och den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet déi bluddeg Attack schaarf verurteelt. Et gëtt elo gefaart, datt d'Lag weider eskaléiere kéint. Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken wëll sech dowéinst bei senger Visitt am Noen Osten Uganks der Woch ëm Deseskalatioun beméien.