Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Out fir Gerardo Seoane: Xabi Alonso neien Trainer vu Bayer Leverkusen

E Mëttwoch den Owend huet de Veräin aus der Bundesliga offiziell matgedeelt, datt de Welt- an Europameeschter den neie Mann op der Trainerbänk ass.

Bayer Leverkusen huet sech vum Trainer Gerardo Seoane getrennt. Dat huet de Veräin e Mëttwoch den Owend matgedeelt. De Successeur vun him steet dann och scho fest. De Xabi Alonso ass den neie Mann un der Säitelinn. De fréiere Weltklass-Mëttelfeldspiller huet mat Spuenien 2010 de Weltmeeschtertitel an 2008 an 2012 den Europameeschtertitel gewonnen. A senger aktiver Zäit huet hien ännert anerem fir Bayern München, Real Madrid a Liverpool gespillt.

D'Trennung vum Gerardo Seoane hat sech ugedeit. De Seoane hat de Bundesligist fir de Start vun der leschter Saison iwwerholl, déi Leverkusener op Plaz dräi an an d'Champions League gefouert. An der aktueller Saison konnt de Schwäizer awer nëmmen zwee vun zwielef Matcher mat senge Spiller gewannen. An der Bundesliga steet een aktuell just op enger Ofstigsplaz an am DFB Pokal gouf ee schonn eliminéiert.

D'Resultater vun der Bundesliga fannt Dir hei.