Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"P/2023 C1": Amateurastronom aus Däitschland huet en neie Komet entdeckt

Den Insel-Zänndokter Jost Jahn vun Amrum huet den Himmelskierper op Opname vun engem sougenannte Rotat-Teleskop a Südfrankräich opgespiert.

Dat huet d'Associatioun vun de Stärefrënn (VdS) an d'Haus vun der Astronomie e Méindeg zu Heidelberg matgedeelt. De Komet ëmkreest d'Sonn op enger geneigter Ëmlafbunn tëscht de Planéite Mars a Jupiter.

Et handelt sech ëm déi éischte Kometenentdeckung duerch en Däitschen zanter dem Joer 2002.

Den elo offiziell als "P/2023 C1" bezeechenten an no sengem Entdecker genannte Komet huet eng Ëmlafzäit ëm d'Sonn vun nëmme siwe Joer a fënnef Méint. Hie gëllt als sougenannte kuerzperiodesche Komet.

Komete gëllen als Iwwerrescht bei der Entstoung vum Sonnesystem viru ronn 4,6 Milliarde Joer. Se bestinn aus Äis, Stëbs a Steng.

Rotat ass ee vum Haus vun der Astronomie betreit an iwwer Internet ferngesteierte 60-Zentimeter-Teleskop am Süde vu Frankräich. E steet Schüler a Léierpersonal gratis zur Verfügung, de Rescht vun der Beobachtungszäit ginn un Amateurastronome verdeelt.

De Jost Jahn ass Member vun der Associatioun vun de Stärefrënn. Hien huet sech op d'Beobachte vun äerdnoen Asteroiden an déi geziilt Sich no onbekannte Klengkierper am Sonnesystem spezialiséiert. Hien huet schonn eng ganz Rëtsch Asteroiden entdeckt.

Op Rotat-Opnamen aus der Nuecht vum 14. op de 15. Februar huet den John den 20. Mäerz zoufälleg en asteroidenänlechen Objet fonnt, dee sech bei enger méi geneeër Analys als Komet entpuppt huet, deen vun enger Wollek aus Gasen ëmginn ass. Mat Hëllef vun Archivopnamen aus fréiere Joren an aktuell Biller vu verschiddenen Observatoire konnt d'Existenz vum Komet a seng Ëmlafbunn confirméiert ginn.

Pro Joer ginn eng gutt Dose Kometen entdeckt, hautdesdaags ass dës Sich awer haaptsächlech automatiséiert mat méi grousse professionellen Teleskopen. Zulescht hat en Däitschen, en Astropysikstudent, viru méi wéi 20 Joer en neie Komet opgespiert.