Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Paquet Logement: Déi Lénk fuerdere eng staark Reaktioun op déi aktuell Wunnengskris

Déi Lénk hunn e Mëttwoch de Moien e Paquet Logement virgestallt, mat deem si op déi dräifach Kris am Secteur reagéieren.

D'Stater Gemengerotsconseillère Ana Correia Da Veiga seet: "Zu der Wunnengskris, déi mer souwisou schonn haten, gesellt sech lo d’Immobiliëkris an d’Baukris." D’Baupräisser ginn erop, mee op der aner Säit bleiwen Objete méi laang um Marché an der Vente, soen déi Lénk.

Si fuerderen, datt op verschiddene Niveauen agegraff gëtt. Si sinn dofir, datt d’Gemenge méi staark an de Marché eraklammen. Am Fall vun der Stad Lëtzebuerg, déi Reserven vun iwwer enger Milliard Euro huet, kéint si dat mat hiren eegene Moyene maachen, fënnt d’Ana Correia Da Veiga, déi déi aktuelle Politik vun der Majoritéit um Knuedler ganz kritesch gesäit: "Lo wou eben d’Präisser vläicht méi interessant gi fir d’Gemengen, bunkeren si d’Suen. An d’Valeur vun där Reserv, déi fält jo och, wéinst der Inflatioun a well d’Terraine méi deier ginn."

Sou gutt wéi d’Stad Lëtzebuerg stinn awer net all Gemengen do, weder finanziell, nach personell. Dofir fuerdert de Gary Diederich: "D’Gemengen an d’ASBL brauchen elo virun allem Personal, dat direkt ka lass leeën an op den Terrain ka goen an déi Projete kann iwwerhuelen a kafen a renovéieren."

Fir datt d’Gemengen an ASBL, déi am Secteur aktiv sinn, besser reagéiere kënnen, soll de Staat d’Personalkäschte fir Architekten, Gestionnaire de projets a Sozialaarbechter iwwerhuelen.  An datt d’Taxen op hire Wunnengsprojeten erofgesat ginn.

Déi Lénk fuerdert, datt den ëffentlech Undeel um Wunnengsmarché mëttelfristeg op 10 Prozent a laangfristeg op 25 Prozent klëmmt. Dofir missten och de Fonds de Logement an d’Wunnengsbaugesellschaft SNHBM finanziell a personell besser ekipéiert ginn, well se wéi de Gary Diederich seet, "de Moment scho ganz grouss Projeten hunn an domat vir bei an hanne widder sinn”.  Hien verlaangt, datt d’Dotatioun vum Spezialfong fir de Logement  dëst Joer verduebelt gëtt.

Den Eric Weirich, Gemengerotsmember zu Déifferdeng, weist drop hin, datt de Kompensatiounsfong vun der Renteversécherung wäit ënnert sengem eegenen Zil bliwwen ass, fir fënnef Prozent an de Lëtzebuerger Immobilien z’investéieren. Zejoert hätt de Kompensatiounsfong nëmmen 1,7 Prozent an Immobilien investéiert. Op enger Rentereserve vu 26 Milliarden Euro géif dat bedeiten, datt bal 900 Milliounen Euro do disponibel wären, fir a Logementer z’investéieren, sou kritiséiert den Eric Weirich. De Kompensatiounsfong hätt bis well virun allem a Bürosimmobilie investéiert, an hien seet: "Et kann net sinn, datt eis Pensiounsreserven a Commercen a Bürosflächen investéiert ginn, amplaz eben déi Suen ze huelen an an den abordabele Wunnengsmarché z’investéieren.”