Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Park&Ride als Solutioun fir LTA?: Kee Kontakt tëscht Akerbauschoul an Ärenzdallgemeng

Et ass e bëssi méi däischter a méi niwweleg wéi e Méindeg, mee soss ass d'Bild laanscht d'N14 tëscht Dikrech an dem Lycée technique agricole onverännert.

E Méindeg hate mer iech jo an engem Reportage gewisen, dass vill Schüler vun der Akerbauschoul am Ausgang vun Dikrech laanscht d'Haaptstrooss parken a matten am Beruffstrafic laanscht d'Strooss zu Fouss bei d'Schoul ginn, wat net ongeféierlech ass.

Fir eppes drun z'änneren, gëtt dru geduecht, ee Park&Ride um Bloen Eck bei Steeën anzeriichten. Dem Direkter vum Lycee no géif et awer dofir souwuel bei den zoustännege Ministèren, wéi och bei der Ärenzdall-Gemeng u politeschem Wëlle feelen. Dat wëll de Buergermeeschter André Kirschten awer net einfach sou stoe loossen.

Et ass e bëssi méi däischter, ee gudde Krack méi niwweleg, wéi e Méindeg, mee soss ass d'Bild laanscht d'N14 tëscht Dikrech an dem Lycée technique agricole onverännert. Schüler stellen hir Autoen op ee klenge Parking nieft der Strooss an trëppelen erop bei d'Gebai vum LTA. Datt dat geféierlech ass, wësse si selwer, dowéinst sti si der Iddi vun engem Park&Ride um Bloen Eck mat Busnavette bei de Lycée positiv géigeniwwer.

Michel: "Ech géif dat gutt fannen, wa se Navetten organiséieren, datt een sech do parke kann an da mat der Navette an de Lycée an dono rëm zréck bei den Auto fuere kann. Dat wier méi angeneem fir déi Schüler, déi vu Wäitem mam Auto kommen, well et méi séier ass wéi mam Bus."

Tony: "Wann d'Navette gutt organiséiert wieren, géing ech schonn dohinner goen, jo."

Datt des Léisung nach net ëmgesat ass, well hien der Iddi vun engem Park&Ride beim Futtballterrain um Bloen Eck géigeniwwer negativ agestallt wier, weist den André Kirschten kloer vu sech.

De Buergermeeschter vun der Ärenzdallgemeng, den André Kirschten: "Tjo, mir si guer net agestallt, mir si nach net gefrot ginn. Et ka kee soen, mir wieren negativ agestallt. Et waren zwee Leit, déi mech gefrot hunn, op dat hei méiglech wier, dat war ee Proff aus der Akerbauschoul an d'Martine Hansen. Ech hunn hinnen allebéid geäntwert, datt mer dann doriwwer negociéiere missten. Ech kann déi Decisioun och net eleng huelen, mee déi muss de Gemengerot huelen."

Den LTA-Direkter Tom Delles hätt sech nach ni bei him oder der Gemeng gemellt, mee hie wier awer oppe fir iwwert d'Iddi ze schwätzen. Virun allem iwwert de finanzielle Volet, duerch ee Park&Ride géingen der Gemeng nämlech zousätzlech Käschten entstoen, well d'Poubelle méi dacks eidel gemaach an ee Wanterdéngscht assuréiert misst ginn. Datt aktuell quasi keng Schüler dovu profitéieren, fir vum Bloen Eck aus mat der Buslinn 250 bei den LTA ze fueren, huet och ee Grond.

Nach eemol den André Kirschten: "De Busarrêt Bloen Eck ass ongeféier 400 Meter vun hei ewech, deen ass ënnen am Duerf. Wéi mer sengerzäit de Futtballterrain gebaut hunn, hu mer eng Demande gemaach, fir ee Busarrêt hei hin ze kréien, mee den Transportministère huet dat refuséiert. Mir hunn awer een Tunnel, deen ënnert der N14 erduerch geet, fir datt déi Leit, déi mam ëffentlechen Transport komme wëllen, net der Gefor op der N14 ausgesat sinn."

Well deene meeschte Schüler dëst awer ze ëmständlech ass, geet d'Prozessioun laanscht d'N14 wuel nach eng Zäitche weider. Op mannst um Feldwee beim LTA sti mëttlerweil wesentlech manner Autoen. Nom leschte Reportage huet et nämlech Protokoller gereent.