Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Parlamentswalen an Italien: Déi ultra-riets Fratelli d’Italia huet ronn ee Véierel vun alle Stëmme kritt

RTL

D'Giorgia Meloni kéint déi éischt Fra un der Spëtzt vun der italienescher Regierung ginn.

D’Parteicheffin Giorgia Meloni huet schonns den Usproch erhuewen, fir eng nächst Regierung ze forméieren, nodeems een déi stäerkste Kraaft am Land ass.

Déi offiziell Resultater kommen eréischt e Méindeg am Laf vum Dag, mä déi riets-Koalitioun tëscht Fratelli d’Italia, zesumme mat der Lega vum Ex-Inneminister Matteo Salvini, an der konservativer Forza Italia vum fréiere Premier Silvio Berlsuconi dierft um Enn a béide Parlamentschamberen eng absolut Majoritéit vun de Sëtz erreechen.

Riets Parteien aus dem Ausland hu scho felicitéiert. Op EU-Niveau gi sech Suerge gemaach.