Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Patrimoine Iechternach: Héichwaasser vu virun 2 Joer ass Walkampftheema

Iwwerschwemmungen déi Joerhonnert-Héichwaasser genannt goufen an un deenen och e puer Joer drop nach geknat gëtt. Huet d’Gemeng gemaach wat se hätt sollen?

Dat uergt Héichwaasser vu virun 2 Joer ass, grad elo virun de Gemengewalen, an de concernéierte Gemengen natierlech e Walkampfthema. An eise Face à Facen op Radio an Tëlee huet d'Oppositioun vun Iechternach den Ëmgang vun hirem Schäfferot mat dëser Naturkatastrof schaarf kritiséiert, mä et goufen och eng Partie, deels ferm Reprochen vu Schäffen a Buergermeeschter un d'Adress vum Kulturministère.

Dovun ofgesinn, datt national Themen an engem kommunale Walkampf näischt ze sichen hätten, wären a Saachen Iechternach e puer Prezisiounen net vu Muttwëll, fënnt d'Ministesch an huet um Micro vum Monique Kater reagéiert.

D'Biller kann ee net nëmmen als Iechternacher net vergiessen. Iwwerschwemmungen déi Joerhonnert-Héichwaasser genannt goufen an un deenen och e puer Joer drop nach geknat gëtt. Huet d’Gemeng gemaach wat se hätt sollen?

Huet de Staat gehollef wéi en hätt missen? A Walkampfzäiten ginn esou Froe gären opgegraff. An zu Iechternach gi se esouguer am Park opgehaangen. D’Sauer hat dee Park ferm verschampeléiert, an dass et nach ëmmer net uerdentlech ausgesäit, fënnt den Tourist bestëmmt en Hohn an de Buergermeeschter versteet selwer d’Welt net méi…

Den Dialog war net ëmmer ganz einfach, mee et géif ee versichen, eens ze ginn, am Interessi vum Parc, dee ganz nei gemaach wäert ginn, an dat Konzept wäerte mer dann deemnächst och gewise kréien. D’Beispill Iechternach weist, dass een als Gemeng nun emol net mécht wat ee wëllt, mat national geschützten Objeten.

De neie Gréngen Iechternacher schwätzt vu Klengkrich, gëtt senger Ministesch natierlech Recht, de Park hätt ee kënne propper halen, et wier d’Visittekaart vun der Abteistiedchen. De Parc gehéiert zum gréissten Deel dem Staat, an et géif eng vereelste Konventioun ginn.

De Staat géing hei net konstruktiv matschaffen, seet deen een, si däerfen den Entretien maachen, mee näischt ouni den INPA nei gestalten, monéiert di Aner, an der Traditioun vun de franséische Parken, eben.

Ob am neien historesche Park-Konzept en Héichwaasserschutz mat drann ass, dat géif een deemnächst gesinn. D’Spezialisten vun hei an aus dem Ausland sinn dës Woch nach sur place, an da gi Neel mat Käpp gemaach, am Sënn vu Natur, Park a Patrimoine.