Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Paul Wurth: Georges Rassel gëtt Member vum Verwaltungsrot

Dat annoncéiert den däitschen SMS-Grupp, Proprietär vum Lëtzebuerg Spezialist fir Maschinnebau a fir d'Installatioun vun Héichiewen a Schmelzen.

Rezent war d'Decisioun geholl ginn, datt de Lëtzebuerger Georges Rassel als Generaldirekter vum genannte Betrib zerécktrëtt an intern aner Funktioune kritt.

Hie soll sech elo ëm d'Duechtergesellschafte këmmeren, d'Initiative vun de syntheetesche Carburante weiderdreiwen a sech och mat der Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg befaassen.

Den däitschen André Schneider ass elo neie Chef vu Paul Wurth a parallel europäesche Chef vum SMS Grupp.

D'Gewerkschaften LCGB an OGBL haten éischter kritesch op dëse personelle Changement reagéiert an Explikatioune gefrot.

Virun zwee Joer hat de Lëtzebuerger Staat seng Aktie bei Paul Wurth verkaf, sou datt den däitsche Metall-Grupp SMS zu 100% Proprietär ass.