Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Péiteng: Asaz vum Samu nodeems sech en Auto iwwerschloen hat

RTL

Géint 22.40 Auer en Donneschdeg den Owend hat sech an der Rue d'Athus zu Péiteng en Auto iwwerschloen.

De Rettungsdéngscht vu Péiteng an de Samu waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Scho géint 19.30 Auer gouf et ee Blesséerten, wéi sech zu Éiter an der Montée d'Oetrange 2 Autoen ze pake kruten.
Ëm 21.30 hat dann en Auto op der RN24 tëscht Uewerpallen a Biekerech e Wëllschwäin ze pake kritt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert

Um 0.26 Auer e Freideg an der Nuecht, war an der Industriezon ZARE Ouest zu Éilereng en Auto an e Potto gerannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert.