Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Péiteng: Sech selwer am Bistro zerwéiert, géint Beamte rebelléiert a mat Mord gedreet

Vill ze dinn hat d'Police en Donneschdegnomëtteg wéinst engem alkoholiséierte Mann zu Péiteng, dee ronderëm gebierelt an op geparkt Autoe ageschloen huet.

Do virdru soll hien eng Employée vun engem Bistro kierperlech attackéiert hunn, nodeems si probéiert huet, hien dovunner ofzehalen, sech selwer ze zerwéieren. Och huet hie Gedrénks consomméiert, ouni dëst ze bezuelen a gouf du vum Proprietär virun d'Dier gesat.

Wéi hie vun de Beamten am Policeauto matgeholl gouf, soll hien do weider Mordmenacen a Beleidegungen ausgeschwat hunn, dës Kéier och géint d'Beamten. Och huet hien am Auto randaléiert an op d'Poliziste gespaut.

Ier de Mann ënner Arrest gesat gouf, koum hien zu weider Kontrollen an e Spidol.