Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Permis war direkt fort: Alkoholiséiert en Accident verursaacht, dat ouni eng Assurance ze hunn

Schlecht dovu komm ass e Sonndeg de Moien géint 20 fir 3 en alkoholiséierten Automobilist, deen an der Côte d'Eich en Accident mat sengem Won hat.

Hien huet d'Kontroll iwwert den Auto verluer an ass géint en Auto gerannt, dee säitlech bei der Strooss geparkt war. Dobäi koum et zu engem héije Materialschued u béiden Autoen. Den Automobilist stoung zum Moment, wou d'Police op d'Plaz koum, ënnert héijem Alkoholafloss. Hie konnt de Police-Beamten och keng valabel Assurance presentéieren.  De Permis war de Mann op der Plaz lass a gouf protokolléiert.

Ze vill gedronk hat den och e Chauffeur dee géint hallwer 7 op der A7 tëscht Lëntgen a Goussel ënnerwee war. Hei ass den Automobilist opgefall, well en eng onreegelméisseg Fuerweis hat. Bei der spéiderer Kontroll koum dunn och effektiv eraus, dass de Wäert vum Alkohol am Blutt ze héich war. De Mann huet de Fürerschäin nach op der Plaz missten ofginn.