Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Perséinlech an emotional Temoignagen: Ëffentlechen Debat iwwer Petitioun fir besser onkologesch Pediatrie-Servicer

An der Chamber gouf e Méindeg de Moien eng Petitioun ëffentlech debattéiert. Et geet ëm besser Kriibstraitementer fir Kanner an de Spideeler.

30 bis 40 Kanner ginn all Joer hei zu Lëtzebuerg mat Kriibs diagnostizéiert. An deem Sënn sollen déi onkologesch Pediatrie-Servicer am Land gehéicht a verbessert ginn. Et wier wichteg, datt déi Kanner och hei am Land kënne behandelt ginn. Dat ass d'Fuerderung vun enger Petitioun, déi am Ganze 5.056 Ënnerschrëfte krut an dofir e Méindeg an der Chamber ëffentlech debattéiert gouf, mat ganz perséinlechen an emotionalen Temoignagen.

Onkologesch Pediatrie-Servicer/Reportage Claudia Kollwelter

D'Petitionärin Julia Dauphiné huet aus eegener Erfarung geschwat. Hiert Meedche war mat Kriibs diagnostizéiert ginn, eng Belaaschtung fir d'ganz Famill.

"All zweet Woch op Paräis ze fueren, huet eis extrem midd gemaach. Et ass eppes, sengem Kand ze soen, datt et 4 Stonnen am Auto muss sëtzen an engem Kand da mussen ze soen, wann et him schlecht ass, et sech iwwergëtt an et duerch den Traitement geschwächt ass an net iessen oder drénke kann."

Den Noah Waxweiler ass dëst Joer fir d'zweet mat Kriibs diagnostizéiert ginn. Am Alter vun 13 Joer ass hien zu Bréissel an zu Hamburg behandelt ginn, dëst Joer zu Lëtzebuerg.

"An et huet e groussen Ënnerscheed gemaach, datt ech no bei menge Frënn a Famill konnt sinn a mäi Liewen esou normal wéi méiglech, ënner aneren Ëmstänn, konnt liewen. Trotzdeem hunn ech gesinn, wéi d'Dokteren am CHL e Kampf mat Mangel un Infrastruktur, Zougang zu Ausrëschtung a Basistraining fir meng individuell Behandlung haten. Ech weess, datt se hiert Bescht maachen, mee wann ech et mat Hamburg vergläichen, kann ech en extrem groussen Ënnerscheed feststellen."

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet erkläert, datt de Service vun der Onkologie an der Kannerklinik soll vun 2024 u vergréissert ginn an dann och mam Ëmbau vum CHL nach weider ausgebaut gëtt. D'Ministesch huet dann och nom Debatt den Optrag kritt, esou séier wéi méiglech Kontakt mat de Servicer opzehuelen, fir sech un international Normen unzepassen, wat Better ubelaangt, mee och d'spezialiséiert Personal.