Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Persoun zu Péiteng mat Messer verwonnt: Police confirméiert: Presuméierten Ugräifer huet sech gestallt

Géint 5.35 Auer en Dënschdeg de Moie krut d'Police eng Persoun an der rue d'Athus zu Péiteng gemellt, déi Affer vun enger Messerattack gouf.

Den Täter huet sech duerch d'Bascht gemaach, wouduerch et ëm d'Athusser an d'Waxweiler Strooss zu Péiteng eng gréisser Policeinterventioun gouf. D'Police hat eng groussraimeg ugeluechte Sichaktioun an d'Weeër geleet. Ënnert anerem gouf de Policehelikopter agesat, grad ewéi d'Hondsstaffel oder och nach en 3D-Scanner.

D'Affer gouf mat schwéiere Blessuren an d'Spidol bruecht, esou d'Informatioun vun der Police.

Kuerz virun en Dënschdeg an der Mëttesstonn koum d'Meldung, dass d'Rue d'Athus nees fir den Trafic opgaangen ass, nom Täter gouf zu deem Ament nach ëmmer gesicht.

De Stater Procureur général huet eng Ënnersichung wéinst versichtem Mord, respektiv versichten Doutschlag an d'Weeër geleet. Den Untersuchungsriichter gouf mat weideren Ermëttlunge befaasst.

Am Nomëtteg dunn huet d'Police gemellt, dass de presuméierten Ugräifer sech an der Mëttesstonn gestallt hätt. Op Uerder vum zoustännegen Untersuchungsriichter gouf dëse festgeholl.

Gréisser Sichaktioun och zu Diddeleng

D'Sich huet sech donieft och ronderëm Diddeleng konzentréiert, wou am spéide Moien de Policehelikopter stonnelaang iwwer der Naturschutz-Zon vun der "Haardt" am Asaz war an RTL-Informatiounen no och méi Policepatrulle present waren.

Et war deemno dovun auszegoen, datt do nom Mann gesicht gouf, dee sech no der brutaler Messerpickerei ewech gemaach hat.