Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Piazza Garden zu Esch-Uelzecht: Kultur, Events, Workshoppen am Zeeche vun der ekologescher Transitioun

De Piazza Garden ass eng Plaz, wou ee sech treffe kann.

D'Marine Henry an de Léonard Andersen wëllen d'Welt e Stéck besser maachen. Si si bei der CELL asbl, dem Centre for ecological learning Luxembourg, an hu beim Bâtiment 4 um Site vun ArcelorMittal zu Esch-Uelzecht de Projet op d'Been gestallt. Am Piazza Garden weise si, wéi een anescht baue kann: Energie spueren. Esou liewen, dass och d'Generatiounen, déi kommen, och nach iwwerliewe kënnen.

De ganze Site ass iwwer Méint gewuess. A jiddereen, dee wollt, konnt eng Hand mat upaken. Mam Zil, esou vill wéi méiglech Leit vu baussen an de Projet anzebannen.

Am Kader vun Esch 2022 gouf a ginn et Concerten, Theaterstécker, Workshoppen. Alles ëmmer am Zeeche vum schounenden Ëmgang mat de Ressourcen.