Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Pilot-Projete presentéiert: Urgencen oder Waasser-Spueren: 5G-Reseau a seng Virdeeler

Mam 5G-Reseau kënnen ënnert anerem Donnéeë méi séier an effikass transferéiert ginn. Dat notzen d'Hôpitaux Robert Schuman an de CGDIS elo zu hirem Virdeel.

Op villen Handye gesitt der et uewe riets am Eck: 5G. Dobäi handelt et sech ëm déi fënneft Generatioun vum mobille Funkreseau. Méi Donnéeë kënne méi séier an effikass transferéiert ginn. Fir Staat an Entreprisë kënne sech mam 5G nei Méiglechkeete vun der Digitaliséierung erginn.

An deem Kontext hat de staatleche Medie-Service an d'Initiativ "Digital Luxembourg" 11 Projeten ënnerstëtzt, wou de 5G-Reseau Léisunge bréngt. Déi goufen e Mëttwoch am Forum Geesseknäppche presentéiert. Een dovun am Spidolssecteur, méi genee an den Hôpitaux Robert Schumann.

Wéi praktesch wär et, wann de Kardiolog net virun all Patient misst an den Ënnerlage kromen, bis en de richtege Dossier bei Hand huet, mä wann dat digital alles beienee wär. Méi wichteg nach: a wéi villen Noutfäll kéint dem Patient besser gehollef ginn, wann d'Urgentisten direkt iwwer Virerkrankunge Bescheed wéisten an a bestëmmte Fäll souguer de Spezialist iwwer Video bäischalte kéinten? Dat gëtt am 5G-Projet vun den Hôpitaux Robert Schumann zesumme mam CGDIS probéiert, wéi de Responsabele vum informatesche Service vun den HRS, Jacques Federspiel, erkläert:

"Den Neurolog ka wierklech an d'Ambulanz geschalt ginn. Mam 5G ass dat méiglech. De Neurochirurg ass am Bild mam Patient connectéiert, ka mat him schwätzen a sech och mam Urgentist austauschen an déi vital Wäerter gesinn. Esou kann en déi richteg Decisioun huelen. D'Admissioun vum Patient gëtt net méi am Spidol gemaach, mä ka schonn an der Ambulanz gemaach sinn."

Grouss Virdeeler fir Dokter a Patient, confirméiert den Dokter Claude Braun vun den HRS. De 5G kann och am chronesche Beräich genotzt ginn. Bei Persoune mat Häerzproblemer zum Beispill.

"Déi kënne jo net all Dag an d'Klinik kommen, fir ze kucken, ob d'Medikamenter mussen ugepasst ginn. Do kënne mir mat connectéierten Instrumenter an Apparater de Bluttdrock, d'Gewiicht an de Bols suivéieren an eis mam Patient oder aneren Dokteren austauschen. Esou kënne mir d'Sécherheet an d'Qualitéit vun der Prise en charge verbesseren."

Et si wéi gesot Projeten. Mä laang soll et net esou bleiwen.

"Ech hoffen, dass mir ganz séier kënnen ufänken. Déi technesch Base sinn erprouft ginn. Natierlech wäerte mir keng Experimenter maachen. Mir musse sécher sinn, dass dat alles Plattforme sinn, déi Dag an Nuecht funktionéieren. Mir si quasi virdrun, dass mir kënnen ufänken", esou den Dr. Claude Braun weider.

Dem Medieminister no beweist dëse Projet, dass de 5G net gesondheets- respektiv ëmweltschiedlech ass, mä de Contraire. De Xavier Bettel ernimmt do de 5G Projet "Smart Water Eislek":

"Wann een eng Fuite doheem huet, kann een dat carrement gemellt kréien. Och iwwer seng Consommatioun kann een Infoen digital kréien. Dat ass natierlech och am Sënn vu Waasser-Spueren."

Am Ganze goufen 11 5G-Projeten no engem Appel à projets vum Medie-Service zeréckbehalen an ënnert dem Numm "5G & me" presentéiert.