Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Plazenofbau bei Husky: D'Gewerkschafte sinn entsat a schloen Alarm

An der Industrie plangt e weideren Acteur, sech ze restrukturéieren an e Sozialplang ze maachen.

Bei Husky zu Diddeleng stinn 155 Aarbechtsplazen vun am Ganzen 1.000 um Spill. De Spezialist fir Goss a Schablounen ze sprëtzen huet decidéiert, eng vu sengen Aktivitéite fale ze loossen. De Paul de Araujo vum LCGB:

D‘Geschäft mat Spezialverschlëss gouf 2019 vun Éisträich an Tschechien an a Lëtzebuerg transferéiert fir et ze developpéieren. D‘Croissance war awer net déi, déi sech erwaart gouf an dofir wëll Husky sech elo do zeréckzéien.

Gréisser Explikatiounen oder Zuelen hätt een awer net kritt. D‘Personaldelegatioun an d‘Gewerkschafte wieren just eng Stonn virum Personal informéiert ginn, dat wier inakzeptabel, seet och de Patrick Freichel vum OGBL, dee kee gutt Hoer un der Direktioun léisst

Et ass d'Zukunft vun 155 Famillen, déi do um Spill steet a mir hunn eng Direktioun, déi hirer Responsabilitéit net gerecht gëtt.

Um Mëttwoch hätt d‘Direktioun d‘Verhandlunge fir e Sozialplang ugefrot, sou de Patrick Freichel. Dat kéim net a Fro, soe béid Gewerkschaften.

D‘Direktioun, déi zënter Méint de Sozialdialog géing mat Féiss trëppelen, wier kee legitimme Gespréichspartner méi. Et wier absolut kee Vertraue méi do an dofir hätt een eng Entrevue beim Aarbechtsminister Georges Engel gefrot, heescht et vum onofhängege Gewerkschaftsbond.

D’Nouvellen vu Plazenofbau bei Husky an Dupont Teijin maachen der Regierung effektiv Suergen an et ass net déi Richtung an déi ee wéilt goen. Dat hunn den Aarbechtsminister Georges Engel an de Wirtschaftsminister Franz Fayot am RTL-Interview gesot.

Bei LSAP-Ministeren hunn awer op d'Instrumenter vum «Maintien dans l’emploi» a vum «Chômage partiel» higewisen. D’Hoffnung wier, datt een esou déi concernéiert Mataarbechter kann op enger anerer Plaz beschäftegen oder méi spéit nees astellen.

D‘Gewerkschafte bedaueren déi zwou schlecht Noriichte bannent kuerzer Zäit fir den Industriestanduert Lëtzebuerg.

Dobäi géing et am Secteur wuel nach dréien, sou de Patrick Freichel. Hei hätt een et ebe mat amerikanesche Gruppen ze dinn, déi reng profitorientéiert géingen iwwerleeën an agéieren.