Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police a CGDIS: Chauffer mécht sech no Accident zu Rëmeleng duerch d'Bascht

Am Lokale mellt de CGDIS eng Rei Accidenter vun e Samschdeg den Owend.

Um Rouscht sinn op der Lëtzebuerger Strooss um 20.30 Auer zwee Autoen accidentéiert. Dräi Persoune goufen dobäi blesséiert, dräi Ambulanzen aus Lëntgen an der Nordstad waren op der Plaz. An der Rue des Martyrs zu Rëmeleng gouf ëm kuerz no 23 Auer eng Persoun blesséiert, nodeems zwee Autoen net laanschtenee komm waren. Wéi d'Police e Sonndeg de Moie mellt, ass eng Fra blesséiert ginn, wou si mat hirem Auto no lénks ofbéie wollt. Vun hannen ass deen Ament een anere Won gefuer komm an ass der Fra hannendrop gefuer.

Amplaz no der Fra ze kucke sinn déi dräi Leit am Auto aus dem Won gesprongen an zu Fouss iwwer d'Grenz a Frankräich geflücht. De Besëtzer an de Chauffer vum Auto konnten awer kuerz Zäit drop vun der franséischer Gendarmerie fonnt ginn.

Kuerz virun 19.30 Auer hunn zu Esch iwwerdeems zwee Autoe Feier gefaangen. D'Pompjeeë waren am Asaz, et gouf kee blesséiert.

Dräi Chauffere missten hire Fürerschäin ofginn

An der Nuecht op e Sonndeg war een alkoholiséierte Chauffer op der A4 ënnerwee an ass Serpentinne gefuer. Hie misst säi Fürerschäin ofginn. Genee esou ass et och enger Fra gaangen, déi géint 4 Auer op der A4 vill ze séier ënnerwee war. Och si war hire Fürerschäi lass. Géint 5 Auer war et ee Chauffeur op der Gare, dee vun der Police gepëtzt gouf. Hie war op der Busspuer gefuer an hat eng rout Luucht ignoréiert.

Géint 3.30 Auer konnt een anere Chauffeur säi Fürerschäi behalen, an dat obwuel hien um Boulevard de la Foire ze séier a mat Alkohol am Blutt ënnerwee war.