Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police confirméiert: Persoun ass bei Accident zu Leideleng déidlech verongléckt

Dëst huet d'Police RTL géigeniwwer confirméiert.

Tëscht Leideleng an Zéisseng, um CR179, ass um hallwer 10 e Freideg den Owend eng Persoun déidlech blesséiert ginn, wéi en Auto eng Clôture ze pake krut, dat huet d'Police RTL géigeniwwer e Samschdeg de Moie confirméiert. Op der Plaz waren d'Ambulanz, de CGDIS an de Samu aus der Stad Lëtzebuerg.

Weider Accidenter mat deels Blesséierten

Géint 20 op 7 waren an der Rue Basse zu Kënzeg 3 Autoen net laanschtenee komm. 3 Persoune goufen heibäi verwonnt.

An der Beetebuerger Strooss op der Kockelscheier ass eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Dat war kuerz virun Hallefnuecht.

E Samschdeg de Moien géint 2 Auer gouf et en Accident mat zwee Gefierer op der A31 a Richtung Metz. Tëscht der Diddelenger Grenz an der Sortie Wuelmereng goufen zwou Persoune verwonnt.

Bei zwee méi klenge Bränn zu Esch-Uelzecht an tëscht Bieles an Esch ass kengem eppes geschitt. Eng Kéier hat e Kabel Feier gefaangen, déi aner Kéier eng Poubelle.