Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police: Déi 77 Joer al Sylvie Berg gëtt vermësst

RTL

© Police

Wéi d'Police mellt, gëtt d'Sylvie Berg aus der Stad zanter dem fréien Dënschdegowend vermësst.

D'Fra gouf fir d'lescht géint 17.35 Auer an der Géigend vum Busarrêt beim Jongelycée a Richtung Glacis, respektiv an der Avenue Victor Hugo gesinn.

Déi Vermësst ass ongeféier 1,70 Meter grouss a vu mockeleger Statur. Si huet blond Hoer bis bei de Kënn an hat eng däischterblo Jackette, e wäisse Pullover an e rouden Hutt un.

All Hiwäis ass fir de Kommissariat Ville-Haute op der Nummer (+352) 244 21 1000 oder per E-Mail op [email protected], respektiv fir den 113.