Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police: Déi zwee Mannerjäreg Sophie Steffenmünsberg a Leyla Theis gi vermësst

E Freideg den Owend huet d'Police matgedeelt, dass zwee mannerjäreg Meedercher zanter en Donneschdeg am Nomëtteg vermësst ginn.

D'Sophie Steffenmünsberg an d'Leyla Theis goufe fir d'lescht deen Dag zu Ettelbréck gesinn. Et besteet d'Méiglechkeet, dass si sech nach am Raum Ettelbréck ophalen oder awer méi am Süde vum Land, schreift d'Police. Beschreiwung:

D'Sophie Steffenmünsberg ass 13 Joer al, ongeféier 1,67 Meter grouss an huet brong Hoer. D'Meedchen hat eng beige Joggingsbox un, eng schwaarz Jackette mat enger Kaputz a wäiss Schong.

D'Leyla Theis huet 17 Joer, ass gouereg an huet e Brëll. Et huet kuerz donkelbrong Hoer an ass fir d'lescht mat engem wäiss-beigen Jogging gesi ginn, mat wäisse Schong.

All Indice ass fir d'Police vun Commissariat Ettelbruck um Nummer (+352) 244 84 1000) oder per E-Mail op  [email protected].