Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police: E puer Permisen agezunn, Handy geklaut an Onéierlech gepëtzt

Wéi d'Police mellt, hu se e Sonndeg den Owend, respektiv an der Nuecht, e puer Chaufferen ugehalen, déi alkoholiséiert gefuer waren.

Kuerz virun 22 Auer koum et zu Wolz op der Héicht vun der Place de Tilleuls zu engem Accident. En Automobilist krut mat sengem Won eng Mauer ze paken an ass fortgefuer, ouni sech ëm de Schued ze bekëmmeren. D'Police konnt hien ermëttelen. De Mann krut no engem positiven Alkoholtest de Fürerschäin ewechgeholl.

Um 2 Auer dunn ass e Chauffer wéinst senger Fuerweis op der Héicht vu Waarken negativ opgefall. Bei der Kontroll gouf en ze héijen Alkoholwäert festgestallt. Och an dësem Fall war de Permis fort.

Brigange festgeholl

E Freideg den Owend krut e Mann an der Stad säin Handy geklaut. D'Affer hat dat séier gemierkt a wollt zwou Persounen zu Ried stellen, déi sech doropshin séier ewech gemaach hunn. Mat Hëllef vun Zeienaussoen, konnten déi zwee awer kuerz drop vun der Police ermëttelt ginn. De geklauten Handy gouf séchergestallt. D'Brigange goufen op Uerder vum Parquet virleefeg festgeholl a koumen e Samschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.