Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police: Ee Mannerjäregt nees opgedaucht, Leyla Theis gëtt weiderhi vermësst

E Freideg den Owend huet d'Police matgedeelt, dass zwee mannerjäreg Meedercher zanter en Donneschdeg am Nomëtteg vermësst ginn.

Der Police no konnt eent vun deene Vermëssten, en 13 Joer alt Meedchen, en Dënschdeg den Owend nees a gudder Gesondheet erëmfonnt ginn.

D'Leyla Theis gëtt iwwerdeems weiderhi vermësst. Hat gouf fir d'lescht e Freideg den Owend zu Ettelbréck gesinn. Et besteet d'Méiglechkeet, dass hat sech nach am Raum Ettelbréck ophält oder awer méi am Süde vum Land, schreift d'Police. Beschreiwung:

D'Leyla Theis huet 17 Joer, ass gouereg an huet e Brëll. Et huet kuerz donkelbrong Hoer an ass fir d'lescht mat engem wäiss-beigen Jogging gesi ginn, mat wäisse Schong.

All Indice ass fir d'Police vun Commissariat Ettelbruck um Nummer (+352) 244 84 1000) oder per E-Mail op  [email protected].