Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police: Zwou Persounen hunn a Buttek zu Gaasperech geklaut a goufe gepëtzt

En Donneschdeg den Owend géint 18.15 Auer krut d'Police zwee Brigange gemellt, déi an engem Buttek um Boulevard Friedrich Wilhelm Raiffeisen geklaut hunn.

Béid presuméiert Täter, déi Wuer am Wäert vun 788 Euro matgoe gelooss haten, ware bei der Arrivée vun der Police scho vum Sécherheetspersonal vum Buttek gestallt ginn.

Op Uerder vum Parquet goufe béid Persoune festgeholl. Si koumen e Freideg de Moie scho virun den Untersuchungsriichter.

Virfäll wéinst Drogebesëtz oder Alkoholkonsum

Da mellt d'Police nach, datt 2 Persounen en Donneschdeg den Owend géint 20.30 Auer an der Stad wéinst Drogebesëtz protokolléiert goufen. Si waren de Beamten opgefall, well si iwwert en Ofspärgitter geklotert waren, fir sech en Zougang op e Privatterrain ze verschafen. Si goufe kontrolléiert a bei der Fouille goufen allkéiers zwou Bulle Kokain séchergestallt.

Op der N8 vu Miersch a Richtung Recken ass enger Patrull géint 21.35 Auer e Chauffer opgefall, dee sech net un d'Virfaarte gehalen huet. Hie gouf gestoppt a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.

Opgefall ass awer och nach e Mann géint 20.30 Auer zu Keel an der Téitenger Strooss. Hien huet do Foussgänger ugepöbelt. Eng Patrull huet den alkoholiséierte Mann zur Ried gestallt, deen awer ëmmer méi aggressiv ginn ass. Well hien eng Gefor fir sech a fir anerer duergestallt huet, gouf decidéiert, hien no enger Kontroll duerch en Dokter an Arrest ze setzen.