Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Policebulletin: E Sonndeg koum et nees zu enger Rei Abréch uechter d'Land

E Sonndeg am Nomëtten an am Owend koum et zu Gréiwemaacher, Nidderaanwen, Mamer a Senneng zu Abréch mat Déifställ.

Op engem Camping zu Gréiwemaacher an der Route du Vin ass kuerz virun 20 Auer e Mann an e Camping-Won agebrach, konnt awer vun Nopere festgehale ginn, bis d'Police op der Plaz agetraff ass. Hie koum virun den Untersuchungsriichter an uschléissend an de Prisong um Uerschterhaff.

E puer Stonne virdru koum et zu Gréiwemaacher schonn zu engem aneren Abroch. An der Strooss "Kuschegässel" ass hei géint 17.30 Auer eng Persoun an eng Residence agebrach a konnt e Puer Schong aus engem Schaf klauen, dee virun enger Wunnengsdier am Gank stoung. Den Täter konnt onerkannt flüchten.

Kuerz virun 21 Auer koum et zu engem Abroch an engem Haus an der Cité Gromscheed zu Nidderaanwen, woubäi ënnerschiddlech Wäertgéigestänn, dorënner och Wäin, geklaut goufen. Eng oder méi onbekannt Persounen hu sech hei Zoutrëtt duerch eng Fënster verschaf an sinn uschléissend duerch de Gaart geflücht.

Zu Mamer an der Route d'Arlon gouf tëschent 12.45 a 15.30 Auer an eng Wunneng um 3. Stack vun engem Méifamilljenhaus agebrach. Eng Rei Wäertgéigestänn goufen dobäi geklaut.

E weideren Abroch gouf et tëschent 17.30 an 22.30 Auer an der Rue du Château zu Senneng. Och hei gouf Plainte wéinst Déifstall deposéiert.