Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Policebulletin: Zwee Accidenter mat Materialschued - dräi Permisen agezunn

Um Donneschdegowend an an der Nuecht op e Freideg missten uechter d'Land dräi Permisen agezu ginn. An alle Fäll war Alkohol am Spill.

En Donneschdegowend géint 19.10 Auer war en alkoholiséierte Chauffer zu Wolz an der Rue des Rochers ënnerwee, wéi hien un enger Kräizung mat der Rue des Charretiers géint en Auto geknuppt ass, dee virun engem Haus geparkt war. Béid Autoe goufe staark beschiedegt, beim Auto vum Chauffer gouf et en Totalschued. De Mann koum an d'Spidol a krut säi Permis ofgeholl.

An der Nuecht op e Freideg ass géint 1.40 Auer e Chauffer mat sengem Auto an der Rue de Steinfort zu Habscht am Virgaart vun engem Haus gelant. Dëst, nodeems hien en Uertsschëld ëmgerannt an eng Mauer an eng Hecke gesträift hat. Wéi d'Beamten op der Plaz agetraff sinn, soll sech den alkoholiséierte Chauffer hinne géigeniwwer immens hafteg a provozéierend verhalen hunn. Och hie koum mat liichte Blessuren an e Spidol a krut säi Fürerschäin ofgeholl.

E weideren alkoholiséierte Chauffer ass der Police géint 1.20 Auer zu Péiteng opgefall. Hie war a Schlaangelinne gefuer. No enger Kontroll misst och hie seng Fuererlabnis ofginn.