Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Policeschoul: Theorie a Praxis ginn Hand an Hand

Zanter ronn annerhallwem Joer huet d'Policeschoul nei Raimlechkeeten an der Rue de Neudorf um Findel, dat net wäit ewech vun der Policedirektioun.

Dëse Schratt war néideg, well dat aalt Gebai net grouss genuch war, fir den Uspréch vum Recrutement renforcé ze entspriechen. Virdrun hate Promotiounen eng Gréisst vu 40 bis 90 Stagiären. Déi Zuel huet sech zanter dem verstäerkte Rekrutement op 200 Stagiären erhéicht.

De Christian Gatti, Directeur de formation vun der Policeschoul, erkläert wéi d'Ausbildung opgebaut ass a wéi d'Schüler op Stresssituatiounen an der deeglecher Aarbecht virbereet ginn.

"An der Policeschoul gëtt et eng ganz Panoplie vu Coursen a Formatiounen. Et sinn 1.350 Stonne Formatioun, déi laut Règlement grand-ducal mussen absolvéiert ginn, opgedeelt an néng Modullen. Mir hu véier e bëssi méi praktesch orientéiert Modullen a fënnef bëssi méi theoretesch orientéiert Modullen. Mir hunn och ee Module, wou mat der Hëllef vun eisem Support-psychologique op esou Sujeten agaangen an dat mat Rollespiller trainéiert gëtt."

De Contenu vun deene Modulle géif all Joer evaluéiert a falls néideg un d'Realitéite vum Terrain ugepasst. D'Policeschüler ënnerleien dem Disziplinargesetz aus dem Joer 2018. Wann disziplinaresch Verfeelunge festgestallt ginn, gräifen déi entspriechend Prozeduren.