Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Politesch Pensioun amplaz Walkampf: Jean-François Wirtz: "Dee Spagat Gemeng-Post ass zu engem richtegen Challenge ginn"

An enger Serie presentéiere mir déi Buergermeeschteren aus de Proporzgemengen, déi net méi untrieden. Haut geet et an den Osten, méi genee op Betzder.

Den 11. Juni sinn d'Bierger och zu Betzder opgeruff, een neie Gemengerot ze wielen. Dem Buergermeeschter Jean-François Wirtz säin Numm wäert dobäi um Walziedel feelen. Dat, well hien de Fokus rëm méi op de Beruff leeë wëllt.

Serie politesch Pensioun amplaz Walkampf: Jean-François Wirtz (3. Deel)

"Dee Spagat Gemeng-Post ass zu engem richtegen Challenge ginn", sou begrënnt den 48 Joer ale Betzder-Buergermeeschter an Ingenieur bei der Post, Jean-François Wirtz, seng Decisioun, net méi bei de Walen unzetrieden. Hie stoung sechs Joer fir d'LSAP un der Spëtzt vun der Ostgemeng. Vun 2000 bis 2012 war hie scho Schäffen, deemools nach am Majorzsystem, hat sech dunn awer zeréckgezunn, well e Papp gouf. 2017 ass en awer erëm ugetrueden a konnt mat der CSV eng Koalitioun forméieren. Besonnesch houfereg  ass hien op déi iwwert 100 Wunnengen, déi d'Gemeng geschaaft huet. Och déi nei Crèche, déi mat lokale Materialie realiséiert gëtt an am Bau ass, ass him wichteg. De Projet huet wéinst Corona Retard. D'Pandemie war fir de Jean-François Wirtz generell eng grouss Erausfuerderung.

RTL

© Marc Hoscheid

"Do si wierklech all zweeten Dag nei Circulaire vum Interieur komm. Et waren all Kéiers aner Reegelen, mat Mask, ouni Mask an dann am Büro véier Leit, fënnef Leit, d'Hallschent huet missen doheem bleiwen, d'Hallschent konnt schaffe kommen. Do waren all Dag aner Bestëmmungen, esouwuel an der Schoul wéi an der Maison relais an dat war scho relativ een Challenge."

Hie géing sech wënschen, datt d'Gemeng an deenen nächste sechs Joer weider entwéckelt gëtt an et net zu engem Stëllstand kënnt. Datt een an engem Gemengerot eppes beweege kann an eegen Iddie mat era brénge kann, wier ee Grond firwat sech Leit sech um kommunalen Niveau politesch engagéiere sollten. Betzder ass zwar eng vergläichsweis kleng Gemeng  am Oste vu Lëtzebuerg, mee duerch de Satellittebedreiwer SES ass een iwwert d'Landesgrenzen eraus bekannt. Ma de Kontakt tëscht der Gemeng an dem internationale Betrib war scho mol méi enk.

"Ech kann do vläicht bëssi zielen aus menger Zäit als jonke Schäffe vun 2000 bis 2012. Do war nach vill méi Kontakt. Do ass esouguer de Buergermeeschter nach invitéiert ginn, wann ee Staatsbesuch war. Dat ass haut alles net méi an de Kontakt ass wierklech op ee Minimum reduzéiert."

Den Haaptgrond wier wuel, datt d'Infrastrukture vun der SES fäerdeg sinn. 2011 war Betzder iwwregens déi éischt Lëtzebuerger Gemeng, déi ee Bëschkierfecht krut, dat zu Rued-Sir. Och haut géingen op dëser Plaz nach vill Leit begruewen. Et muss een allerdéngs Awunner vun der Gemeng sinn, fir hei seng lescht Rou ze fannen.