Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Politesch Pensioun amplaz Walkampf: Raymond Weydert: "Ech hu geduecht, et wier gutt jonke Leit de Virrang ze ginn"

Am sechsten a leschten Deel vun der Serie iwwert Buergermeeschtere vu Proporzgemengen, déi net méi untrieden, ass et um Raymond Weydert vun Nidderaanwen.

22 Joer stoung de Raymond Weydert un der Spëtzt vun der Gemeng Nidderaanwen. Ma e Sonndeg wäert säin Numm um Walziedel feelen. Dee 75 Joer alen CSV-Politiker a fréieren Deputéierten zitt sech an d'Pensioun zeréck. Dobäi verléisst mat him ee Mann déi politesch Bün, deen dee Metier praktesch an d'Wéi geluecht krut.

Serie politesch Pensioun amplaz Walkampf: Raymond Weydert (6. Deel)

Schonn dem Raymond Weydert säi Bop, de Mathias Wirtz, war 36 Joer Buergermeeschter zu Mompech, säi Papp stoung 12 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng. Déi Traditioun féiert haut dem Raymond Weydert seng Niess Stéphanie virun, dat zanter September 2022 Buergermeeschtesch vun der Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech ass. De Gemengepapp vun Nidderaanwen gëtt zou, datt et him net liicht fält mat der Politik opzehalen, well d'Aarbecht an der Gemeng him vill Freed gemaach hätt, mee et wier elo dee richtege Moment.

"Majo, ech lo 75 Joer an ech hu geduecht, et wier vläicht gutt fir jonke Leit de Virrang ze ginn. Well mir hu jo den Här Ternes, dee lo schonn 12 Joer Schäffe bei mer ass an dee wéi benzeg ass fir dee Posten ze iwwerhuelen. Dat fannen ech och gutt, datt ee Jonke prett ass, fir dat ze maachen."

RTL

© Marc Hoscheid

Een Häerzensprojet vum Raymond Weydert war de Bau vum CIPA Gréngewald zu Nidderaanwen. Aktuell wier den Ausbau vum Demenzberäich am gaangen an de Restaurant gëtt vergréissert. Wichteg wier och den Neibau vum Gemengenhaus zu Ueweraanwen am Joer 2007 gewiescht, nodeems déi al Märei Hueschtert ze kléng gi war. Déi gréissten Erausfuerderung wier d'Ausschaffe vum neie PAG gewiescht. Fir d'Zukunft vu senger Gemeng wënscht hie sech virun allem, datt dës net ze séier wiisst.

"Well wann d'Awunnerzuel schnell wiisst, mir hunn de Moment 6.700 Awunner, ech hat gesot mir kënne bis op 12.000 goen. Wann dat ze schnell wiisst, da mussen och all d'Infrastrukturen, d'Schoul, d'Sportsinfrastrukturen, déi kulturell Infrastrukturen an all déi Saache mussen dann och vergréissert ginn."

D'Gemeng Nidderaanwen hätt an deene leschten 20 Joer vill Terrainen opkaaft. An den "Nouveau cartiers" hätt ee bal 15 Hektar leien, déi nach net erschloss sinn, mee déi awer Bauland sinn. De Gros vun deenen Terrainen hätt een zum "räsonabele" Präis vu ronn 11.000 Euro den Ar kaaft. Hei kéint een och jonke Leit, déi sech soss näischt an der Gemeng leeschte kéinten, hëllefen, sech ze etabléieren.

Wichteg fir een Engagement an der Gemengepolitik wier, datt d'Famill een och derbäi ënnerstëtzt. Mat Bléck op de Waldag e Sonndeg géing hien deene véier Parteien, déi zu Nidderaanwen untrieden, also senger CSV awer och DP, LSAP an deene Gréngen alles Guddes wënschen. Et hätt een ëmmer eng gutt Ambiance am Gemengerot gehat. Wat d'Walresultat ugeet, wier esou zimmlech alles méiglech, well d'Leit wuel vill panachéieren dierften. Hien hätt an der Vergaangenheet ëmmer schonn am Virfeld sondéiert, mat wéi engem Partner een dono zesummeschaffe kéint.

Laang Jore souz de Raymond Weydert mam Jean Schiltz  am Schäfferot. Den 72 Joer alen LSAP-Politiker wollt am Fong wéi de Raymond Weydert net méi mat an d'Wale goen, dat hat ee sech géigesäiteg esou verséchert. Ma seng Partei huet hien awer iwwerriet nach eng Kéier mat an d'Course ze goen. De Raymond Weydert seet awer, datt hien net enttäuscht doriwwer wier.

Am Fong sollt et am Kader vun dëser Serie och een Interview mam Romain Reitz ginn. Ma den Nach-Buergermeeschter vu Jonglënster huet seng Zouso no engem kritesche Commentaire iwwert d'Biergerbedeelegung an senger Gemeng zeréckgezunn.