Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Politolog Malte Riemann am Interview: Wéinst héije Verloschter muss sech Wagner-Grupp reorganiséieren

D'Söldner vu Wagner hunn eng wichteg Roll an der Lutte ëm d'Stad Bachmut gespillt. Nodeem dës ageholl gouf, kënnt d'Fro op, wéi geet et fir Wagner weider?

Reorganisatioun vu Wagner

Bachmut ass Ufank der leschter Woch an d'Hänn vu Russland gefall an de Wagner-Chef Prigoschin huet doropshin annoncéiert, datt seng Truppen d'Iwwerreschter vun der Stad lues a lues géife verloossen a se der regulärer russescher Arméi iwwerloossen. Wéi et elo an der Ukrain fir Wagner weidergeet, ass schwéier ze soen, seet de Politolog vun der Uni Glasgow Malte Riemann am RTL-Interview.

Fir hien ass et kloer, datt Wagner sech elo zeréckzéien a reorganiséiere muss, well ee ganz héich Verloschter huet missten astiechen. Gleeft een dem brittesche Geheimdéngscht, huet Wagner eleng zu Bachmut 20.000 Leit verluer. Déi selwecht Sourcë ginn dann dovunner aus, datt nach ronn 50.000 Söldner fir d'Grupp aktiv sinn.

D'Reorganisatioun ass wichteg fir Wagner, well eng vun hire wichtege Sourcë fir nei Zaldoten am Ukrainkrich ewechgefall ass. Wagner selwer dierf net méi an de russesche Prisonge Leit fir d'Front rekrutéieren, mä dat mécht elo déi russesch Arméi selwer.

Dr Malte Riemann iwwert d'Rekrutéieren am Prisong

Wagner wäert wuel weider an der Ukrain aktiv bleiwen, mä den Dokter Riemann geet dovunner aus, datt d'Haaptaufgabe vun de Söldner deemnächst éischter an Afrika oder am Noen Oste wäerte leien.

Kritik vum Prigoschin: Gedult oder gewollt?

Wagner oder besser gesot d'Persoun Prigoschin kritiséiert déi russesch Arméiféierung ëmmer nees an ëmmer gären. Datt Wagner-Truppen an déi russesch Arméi sech awer sollen zu Bachmut géigesäiteg bekämpft hunn, ass fir de Malte Riemann reng Spekulatioun, well ee keng genau Daten zu esou engem Tëschefall huet. De Politolog gesäit d'Problematik och net tëscht Wagner an der regulärer Arméi, mä éischter als perséinleche Problem tëscht dem Wagner-Chef Jewgeni Prigoschin, dem Verdeedegungsminister Sergei Shoigu an dem Arméichef Waleri Gerassimow. Et ass e Konflikt, deen et zanter e puer Joer gëtt an deen duerch de Krich an der Ukrain méi an d'Ëffentlechkeet geroden ass.

Dr Malte Riemann iwwert den Afloss a Russland

Grad op politeschem Niveau am russesche Muechtapparat kann een dëse Konflikt gesinn, well de Prigoschin hei lues a lues méi Afloss kritt an doduerch d'Positioun vum Shoigu a Gerassimow e bëssen ënnergrueft. Awer och ginn et perséinlech wirtschaftlech Differenzen tëscht den dräi Parteien, well de Shoigu selwer och an der Söldner-Branche aktiv ass a seng Truppe vun der Grupp Patriot vu Wagner an der Ukrain ofgeléist goufen, well een net déi gewënscht Resultater bruecht huet. De Konflikt wiisst un an et gëtt probéiert, dem Prigoschin den Afloss ze huelen, andeem ee Wagner eben ënner anerem keng Leit méi an de Prisonge rekrutéiere léisst, esou de Politolog.

RTL

Nach 2010 huet eng vum Prigoschin senge Firmen Iessen fir Schoulen a Russland hiergestallt. / © AFP / SPUTNIK / Alexey DRUZHININ

Bis ewell konnt ee gesinn, datt de Prigoschin wéineg negativ Konsequenzen hat, wann hien d'Féierung kritiséiert huet. Dëst kéint dem Wagner-Expert no weisen, datt de Prigoschin eng Positioun huet, déi vum  Putin toleréiert gëtt. Et kéint ee esouguer vläicht soen, datt de Putin vum Prigoschin an dësem sengem Sträit mat Schoigu a Gerassimow profitéiert, well de Konflikt tëscht den dräi groussen Acteuren ëm d'Arméi dem Putin seng eege Positioun stäerkt.

Dr Malte Riemann iwwert d'Interessië vum Putin

Trotz den Tensioune muss ee sech kloer maachen, datt Wagner an dat russescht Militär sech géigesäiteg brauchen. Wagner brauch d'Militär fir Material a Munitioun. Wagner dogéint koum grad an der Ukrain an deene Beräicher an den Asaz, wou d'Militär déi eegen Truppen ongär fir ze stierwen un d'Front geschéckt hätt.

Dr Malte Riemann iwwert d'Ofhängegkeet vu Wagner an der Arméi

Ee weideren Avantage vu Wagner ass et, datt si als Privatfirma och am private Beräich rekrutéiere kënnen. Dat erlaabt et dem Putin, déi grouss Truppemobiliséierung fir de Krich an der Ukrain, weider erauszezögeren, wat bei der Populatioun net gutt ukënnt.

Wéi wäert de Krich weider verlafen?

RTL

© AFP PHOTO / TELEGRAM CHANNEL OF CONCORD GROUP"

Wéi et an der Ukrain weidergeet, hänkt vill vun der Géigenoffensiv vum Land, wat zum Deel besat ass, of. De Malte Riemann spekuléiert awer och, datt et méi kleng Ausernanersetzunge wäert ginn, eventuell esouguer op russeschem Terrain. Domadder wäert d'Ukrain wuel provozéiere wëllen, datt Russland och am eegene Land d'Truppe muss asetzen, déi dann an der Ukrain feelen.

De Weste wäert dann d'Militärhëllef fir d'Ukrain och nach weider ausbauen, grad fir datt d'Ukrain der personeller Mass, déi Russland am Krich kann asetzen, technologesch eppes entgéint stelle kann. Dowéinst rechent den Expert an den nächste Méint och nach mat méi Debatten op westlecher Säit, haaptsächlech, wat d'Liwwerunge vu Kampffliger betrëfft.

An den USA gëtt da vill driwwer spekuléiert, datt d'Ukrain sech zu engem agefruere Konflikt kéint entwéckelen. Änlech wéi et schonn am Donbass de Fall war, kéint et dozou kommen, datt de Konflikt sech op eng oder méi Regioune limitéiert. Russland géif déi eegen Ambitiounen opginn, fir déi ganz Ukrain anzehuelen an d'Ukrain géif net méi probéieren, fir all déi verlueren Terrainen nees anzehuelen.

Dr Malte Riemann iwwert d'Spekulatioune vun den USA

Wien ass den Dr. Malte Riemann

De Malte Riemann huet dräi Fuerschungsschwéierpunkten op der Universitéit vu Glasgow: Strategiefuerschung, d’Transformatioun vun der Krichsféierung an d’Roll vu net-staatlechen Acteuren a Kricher.