Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Porno op der Place public: D'Gemeng Wuermer entschëllegt sech fir den Tëschefall

Panorama - Porno op der Place public
RTL

E Méindeg huet e Video an de soziale Medien den Tour gemaach, op deem ze gesi war, datt um digitale Panneau virun der Gemeng e Pornofilm gelaf ass.

U sech ginn op dëse Panneauen Evenementer oder Publicitéiten affichéiert. E Sonndeg awer ass op dëser Plaz e ganz besonneschen an obszöne Film gelaf, dat déi ganz Nuecht iwwer. Natierlech ass dëst net onentdeckt bliwwen an e Video, dee vun dëser kuriéiser Zeen gemaach gouf, huet och säi Wee an déi sozial Medie fonnt, wou sech gutt iwwer d'Situatioun ameséiert a geiergert gouf.

E Méindeg huet d'Gemeng dunn drop reagéiert a sech via sozial Medien dofir entschëllegt: