Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Porsche Carrera Cup Däitschland: Dylan Pereira gëtt Zweeten, Laurin Heinrich séchert sech den Titel

Auto-Moto-Sport - Porsche Carrera Cup Däitschland

Duerch d'Victoire um Sachsenring wënnt de Laurin Heinrich fréizäiteg de Porsche Carrera Cup Däitschland 2022 zwou Coursse viru Schluss.

Um Sachsenring gouf et e Sonndeg bei der 8. Manche am Porsche Carrera Cup Däitschland eng Victoire fir de Laurin Heinrich. Den Däitsche konnt seng éischt Plaz vun Ufank un un der Spëtzt vum Feld verdeedegen a wënnt um Enn virum Dylan Pereira an dem Lorcan Hanafin. Duerch dës Victoire um Sachsenring séchert hie sech den Titel am General.

Den Dylan Pereira, deen e Samschdeg just op déi 16. Plaz komm war, hat op der zweeter Course vum Weekend e besseren Dag erwëscht. Direkt nom Depart konnt hie sech vun der drëtter op déi zweet Plaz setzen an dës och bis zum Enn verdeedegen. Tëschenzäitlech war et him kuerz gelonge sech laanscht den Däitschen un der Spëtzt ze drécken, huet sech beim Manöver awer net reegelkonform verhalen an huet sou d'Plaz misse kuerz drop zréckginn. Domat stoung um Enn déi 6. Victoire vun der Saison fir den neien Titel-Gewënner Laurin Heinrich.

Déi lescht zwou Coursse vun der Saison ginn um Weekend vum 22. an 23. Oktober um Hockenheimring gefuer.