Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Poursuite, Drogeverkaf, Abroch a Pefferspray: Uechter d'Land koum et e Samschdeg zu 4 Festnamen

Een Automobilist huet sech enger Kontroll entzunn, ee Mann huet Droge verkaaft, een aneren ass an en Auto agebrach an een huet mat Pefferspray gesprëtzt.

Eng Policepatrull huet e Samschdeg géint 13.50 Auer an der Rue Principale zu Téiteng eng Verkéierskontroll duerchgefouert. Een Automobilist huet sech dëser entzunn an huet sech mat héijer Vitess a Richtung Diddeleng duerch d'Bascht gemaach.

Well hien eng Gefor fir aner Leit op der Strooss war, huet d'Police eng Stroossespär opgeriicht, de Flüchtegen huet sech dovunner awer net ophale gelooss. Kuerz drop huet de Mann du beim Ofbéien an d'Rue Thomas Byrne ee geparkten Auto gesträift an d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer. Et koum zu enger Kollisioun mat engem Bam. De Mann konnt nom Accident festgeholl ginn. En Drogeschnelltest ass bei him positiv ausgefall an am Gefier gouf eng gréisser Quantitéit Tubak séchergestallt.
De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert an huet d'Uerder ginn, de Mann festzehuelen an de Won ze beschlagnamen. Hie koum virun den Untersuchungsriichter.

Zu Esch konnt e Samschdeg géint 17.20 Auer e Mann wéinst dem Verkaf vun Droge festgeholl ginn. Der Police war eng Persoun opgefall, déi fir e kuerze Moment an en Haus verschwonne war a gläich drop nees erauskomm war. D'Kontroll beim potentiell Keefer war positiv, et gouf Kokain fonnt. D'Beamten hunn doropshin am Gebai nom Verkeefer gesicht an dësen dann och fonnt. Drogen a Boergeld goufe beim Mann, dee festgeholl ginn ass, confisquéiert.

E Samschdeg de Moie gouf dann nach géint 8.30 Auer e Mann zu Nidderaanwen festgeholl. D'Police hat eng Persoun gemellt kritt, déi un den Diere vu geparkten Autoe geklenscht huet. Een Awunner huet gemierkt, datt d'Mall vum Auto vu sengem Noper opgemaach gouf. Duerno ass de Mann a Richtung Ueweraanwen geflücht.

Opgrond vun der Beschreiwung konnt de presuméierten Täter fonnt ginn. De Parquet gouf informéiert an huet d'Festnam vum Mann decidéiert. Hie koum nach e Samschdeg den Owend virun den Untersuchungsriichter.

Zu engem weideren Tëschefall mat enger Festnam koum et dann nach e Samschdeg am Nomëtteg an der Rue du Swing zu Bieles. Wéi een Automobilist an e Parkhaus abéie wollt, huet e missten eng Vollbremsung maachen, well ee Foussgänger iwwert d'Strooss gaangen ass.

Dësen huet ganz impulsiv reagéiert an deem e mat der Fauscht op de Capot geschloen an duerch d'oppe Fënster op de Chauffer gespaut huet. Duerno huet de Foussgänger och nach Pefferspray erausgeholl an an den Auto gesprëtzt. Am Auto souzen dräi Persounen. Fir si gouf eng Ambulanz geruff. De Parquet gouf och an dësem Fall informéiert an de Mann gouf festgeholl.